schreiwen.lu

Lëtzebuerger Orthographie einfach a spilleresch léieren

D’Lëtzebuerger Sprooch ass mat ee vun de wichtegsten Aspekter vum Patrimoine vun engem Land. D’Sprooch ënnersträicht wuel mat am beschten, wéi e Patrimoine zwar ëmmer seng historesch Wuerzelen huet a gläichzäiteg awer eppes Lieweges ass. D’Sprooch gëtt net nëmme geschwat, mä och geschriwwen. A villen ass et en Uleies op mannst Grondkenntnisser an der Orthographie ze hunn.

Dës Woch ass eng Méiglechkeet, fir déi wichtegst Reegele vun der Lëtzebuerger Orthographie ze léieren oder opzefrëschen.

Mat dem Onlinesite schreiwen.lu gëtt all Interesséiertem vun der Lëtzebuerger Rechtschreiwung en Outil zur Verfügung gestallt, fir d’orthographescht Wëssen ze verdéiwen. A fofzéng Kapitele gëtt d’Schreifweis vum Lëtzebuergeschen erkläert, éischter exemplaresch wéi mat Reegelen. An all Kapitel sti fir d’éischt e puer Sätz als Beispill, déi de Problem vum Kapitel illustréieren, an och eng kuerz Erklärung. Dono kënnt e prinzipiellen Iwwerbléck iwwert déi verschidden Aspekter vum Kapitel, an och iwwert déi wichtegst Reegelen.

Déi Reegele gëtt et online an et kann ee fir sech a seng Klass dës Brochuren awer och online bestellen!

All weider Informatioune fannt dir op www.schreiwen.lu.

Alles op ee Bléck

Wat?
schreiwen.lu. D’Lëtzebuerger Orthographie nei opbereet.
Firwat?
Dir wëllt iech mol eng Kéier méi intensiv mat der Lëtzebuerger Orthographie auserneesetzen an déi wichtegst Reegele vun der Schreifweis léieren?
Wien?
Virun allem all interesséiert Klassen a Léierpersounen aus dem Secondaire.
Wou?
Bei iech an der Klass oder och fir doheem.