Sang däi Patrimoine

E musikalesche Concours fir all Alter

Sang däi Patrimoine ass eng Initiativ vum SCRIPT-Projet mimamu.lu (Mir maache Musek) a riicht sech un all Interesséierter aus dem Enseignement fondamental an och dem Enseignement secondaire.

Dëse Museksprojet steet ganz am Zeeche vun eise ville schéine Lëtzebuerger Lidder! Ënner Patrimoine ginn nämlech net nëmmen al Gebaier a Buerge verstanen, mä de Patrimoine gëtt all Dag duerch eis all gelieft. Et ass eppes Lieweges, dat sech ëmmer weiderentwéckelt; ob dëst elo Traditiounen a Fester sinn oder och Lidder!

Wéi eng Lidder zielen hautdesdaags fir d’Kanner an d’Enseignanten zum Lëtzebuerger Patrimoine? Wat bedeit fir iech Patrimoine? Jee no Alter ass dat bestëmmt nach eng Kéier ganz anescht.

All interesséiert Klassen, Cyclen oder awer och Schoulbands a Chéier sinn opgeruff, fir hir schéinste Lëtzebuerger Lidder ze sangen, ze spillen, ze performen an op Video opzehuelen! Lidder vu fréier, Lidder vun haut, ganz Aler oder ganz Neier, Ales nei interpretéiert, vläicht esouguer nei geschriwwen… der Fantasie si keng Grenze gesat.

All weider Informatioune fannt der op www.mimamu.lu a bei Froe kënnt dir iech un info@mimamu.lu mellen.

 

Alles op ee Bléck

Wat?
Sang däi Patrimoine: Huel e Lidd op, dat fir dech de Lëtzebuerger Patrimoine symboliséiert.
Firwat?
Huel Deel um Concours, weis datt dech de Patrimoine interesséiert a gewann eng professionell Opnahm vun dengem Lidd.
Wien?
All interesséiert a museksbegeeschtert Klassen/ Cyclen/ Schoulen. Vum Cycle 1 bis op d‘1ère. Awer och Maison Relaisen a Jugendhaiser kënnen deelhuelen.
Wou?
Bei iech an der Klass, an der Schoul, op enger besonnescher Plaz vum Patrimoine…. Iwwerrascht eis mat flotten Iddien.