Lucilin ass eng interaktiv Reess duerch Lëtzebuerg. Et besteet d’Méiglechkeet, fir ënnerschiddlech Facettë ronderëm de Grand-Duché z’erfuerschen. Heibäi ginn Theeme vun der Geographie, der Geschicht, der Politik, der Natur, de Bräich an der Kultur ageféiert, fir esou Kanner a Jugendlecher en Allgemengtwëssen iwwer Lëtzebuerg méi no ze bréngen resp. et ze verdéiwen. A sechs grousse Kapitel (an engem Ofschlossquiz) kënne Schülerinnen a Schüler vill wëssenswäert Informatiounen iwwer Lëtzebuerg gewuer ginn. Dëst op eng spilleresch Aart a Weis, integréiert an den Unterrecht oder eegestänneg doheem; béides ass mat Lucilin méiglech.
Lucilin ass virun allem eng digital, browser-baséiert Léierquell zum lëtzebuergesche Patrimoine. Donieft probéiert Lucilin awer méi ze sinn; et geet mat op d’Rees duerch Lëtzebuerg. Dëst duerch eng flott interaktiv Kaart, duerch Geschichten, déi all Kapitel dobäi kommen oder och duerch d’Abenteuerheft, dat ee sech erausdrécke kann, fir eng Erënnerung ze hunn.
Zilpublic si virun allem Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3.2 a 4 (oder och eelerer). Mee och méi jonk Kanner ‒ mat Hëllef vun enger Léierpersoun ‒ kënne sécherlech déi eng oder aner interessant a flott Informatioun hei léieren. D’Sprooch vu Lucilin ass Däitsch.
All weider Informatioune fannt dir op www.heydoo.lu ënnert Lucilin.