Kulturama Meet and greet

Eng Woch voller Konscht a Kultur

Mat der Plattform kulturama.lu versicht de SCRIPT, a Kooperatioun mam Kulturministère, d’Beräicher vun der kultureller Bildung a vun der Kulturvermëttlung an der Schoullandschaft weider ze fërderen, an Initiativen z’ënnerstëtzen, déi kulturell Voleten an de Schoulen uviséieren. Iwwer Kulturama kënne Léierpersoune Kënschtler resp. Experten aus bestëmmte kënschtleresche Sparten (Theater, Literatur, Danz, Musek, Film, bildend Konscht, a. a.) invitéieren, fir zesummen an der Klass/ Schoul kreativ Projeten ze realiséieren.

Am Kader vun dëser Woch kënne Klassen/Schoulen Meet and Greets mat Kënschtler organiséieren. Esou kënnen d’Schülerinnen an d’Schüler méi no mat der Welt vun der Konscht/ der Kultur an dem nationale Patrimoine a Kontakt kommen, hir Froe stellen, Erfahrungen maachen, de Wee vun engem Kënschtler besser verstoen asw.. Zu dësem Zweck kënne Léierpersounen, an Ofsprooch mam Kënschtler, iwwer Kulturama an där Woch Visitten an hire Klassen buchen; dëst ganz einfach an onkomplizéiert iwwert eng E-Mail un info@kulturama.lu.

Alles an enger Philosophie vun enger gemeinsamer Kulturvermëttlung; op pädagogeschem an artisteschem Plang, fir an Zesummenaarbecht tëscht Enseignant a Kënschtler méiglechst differenzéiert Facettë vun der Kulturvermëttlung z’erméiglechen.

All weider Informatioune fannt dir op www.kulturama.lu.

Alles op ee Bléck

Wat?
Kulturama Meet and Greet.
Firwat?
Dir wëllt d’Welt vun de Kënschtler ärer Klass méi no bréngen, Erfahrungen austauschen, Froe stellen, de Liewenswee verstoen a villes méi.
Wien?
All interesséiert Klassen aus dem EF an ES.
Wou?
Bei iech an der Klass resp. an der Schoul.