Grand-Duc Jean

D‘Infografik zu sengem Liewen a senger Règne

Mat der Infografik zum Liewen a Wierke vum Grand-Duc Jean versicht den Edukatiounsministère all interesséiert Schülerinnen a Schüler an och Enseignanten e kuerzen Iwwerbléck ze ginn, fir esou méiglech Froen ze beäntweren an awer och Diskussiounen unzereegen. Dobäi ass et schwéier de groussen Impakt, deen de Grand-Duc Jean allgemeng hat, op engem eenzege Pouster ze reduzéieren. An awer gouf probéiert, fir säi Liewen a säi Wierken, esouwuel aus enger Lëtzebuerger Perspektiv, wéi och aus enger weltgeschichtlecher Vue ze weisen. Zum enge war de Grand-Duc Jean natierlech duerch seng Règne fir d’Geschicht vu Lëtzebuerg e ganz wichtege Personnage, mä doriwwer eraus gëlt hien och als wichtegen Zäitzeie vun engem Jorhonnert Weltgeschicht.

D’Affiche begleet de Staatsmann vu sengen Ufankszäiten als jonke Student, hin zu sengen offiziellen Engagementer als Ierfprënz an duerno zu 36 Joer Grand-Duc vu Lëtzebuerg. Donief gëtt awer och seng Wichtegkeet duerch säin Asaz am Beräich vum Sport, vun de Scouten an nach anere Beräicher thematiséiert. Eng Chronik vun engem grousse Lëtzebuerger Staatsmann.

D’Infografik gouf an d’Schoule verschéckt. Falls awer nach Exemplairë gebraucht ginn, kënne se hei bestallt ginn:

Bestellen

Donieft soll dës kuerz Introductioun als Hëllefstellung an als Erklärung vun der Affiche déngen.

Konzept

 

Alles op ee Bléck

Wat?
Affiche zum Liewe an der Règne vum Grand-Duc Jean
Firwat?
D’Monarchie an an dësem spezielle Fall, de Grand-Duc Jean, stellen en existenziellt Element vun der Lëtzebuerger Geschicht an dem Patrimoine duer. Dës Woch bitt d’Geleeënheet, fir sech eng Kéier méi genau mat der Règne an dem Liewe vum Grand-Duc Jean ze befaassen
Wien?
All interesséiert Klassen aus dem ES an och dem Cycle 4 aus dem EF
Wou?
Bei iech an der Klass