forum papers

Politik, Gesellschaft und Kultur in Luxemburg‒ zusammengestellt für den Unterricht

Den neie forum papers bréngt eng Auswiel vun Texter, déi zum Groussdeel der Lëtzebuerger Zäitschrëft forum entstamen an déi hei fir den Unterrecht opbereet ginn.

Am Zentrum vun all Ausgab steet en aktuellt Thema, dat aus verschiddenen, och deels ganz perséinleche Perspektive beliicht gëtt. Nieft rezenteren Texter fanne sech am forum papers och eeler Archiv-Bäiträg aus dem forum, déi weisen, wéi sech en Thema an de Joren entwéckelt huet. Komplettéiert gëtt den Dossier duerch e Glossaire, wéi och eng erklärend Infografik. D’Dossiere si bewosst ganz divers gewielt, fir de Schülerinnen a Schüler all Kéier eng nei Thematik méi no ze bréngen resp. och fir Léierpersounen aus all de Branchen unzeschwätzen. Eng gemeinsam Linn gëtt et awer bei all Ausgab: de Lien zu Lëtzebuerg, senger Kultur, senger Gesellschaft a sengem Patrimoine!

Zipublic si Léierpersounen, wéi och Schülerinnen a Schüler (aus dem ES), déi iwwer hiren IAM-Login op www.forumpapers.lu d’Hefter an d’Infografike kucke kënnen. Donieft kann ee sech dës eenzel Hefter och gratis als Printversioun Heem schécke loossen!

Bis elo sinn Themenhefter zu Déierrechter, der Welt vum Geld an de Banken, dem Gaming an de Geschlechterrollen erauskomm. Fir dës Woch wäert da ganz geziilt en Dossier iwwer Landesplanung a Mobilitéit publizéiert ginn, deen op verschidden Aart a Weise soll beliichten, wéi Lëtzebuerg sech entwéckelt huet a sech ëmmer erëm nei definéiert.

All weider Informatioune fannt dir op www.forumpapers.lu.

Alles op ee Bléck

Wat?
forum papers
Firwat?
Dir wëllt ënnerschiddlecht Themeberäicher iwwer d’Lëtzebuerger Politik, Kultur a Gesellschaft beliichten?
Wien?
Virun allem all interesséiert Klassen a Léierpersounen aus dem Secondaire.
Wou?
Bei iech an der Klass oder och fir doheem.