An d’Welt vun der Kultur

Visitten an ausgewielte Kulturinstitutiounen

An dëser Woch kann net nëmmen eppes ronderëm d’Lëtzebuerger Kultur an de Patrimoine an der Schoul geléiert ginn. D’Méiglechkeet besteet och, fir Visitten a verschiddene kulturellen Institutiounen unzefroen. An Zesummenaarbecht mam Kulturministère besteet d’Méiglechkeet, fir mat senger Klass en Ausfluch op dës Plazen, déi ee vläicht esou nach ni entdeckt huet, z’ënnerhuelen (soulaang wéi nach fräi Plaze sinn).

Hei ass d’Lëscht an de Kontakt vun dësen Insitutiounen. Et sief nach dodrop higewisen, och wann an dëser Woch keng fräi Plaze méi do wären, datt vill kulturell Institutiounen d’ganz Joer iwwer esou Visitten ubidden.

Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain
(Luxembourg)
11.-14.6 Reservéieren »
Musée National d'Histoire Militaire
(Diekirch)
11.-14.6 Reservéieren »
Centre des Arts Pluriels d'Ettelbruck 13.-14.6 Reservéieren »
Luca - Luxembourg Center for Architecture
(Luxembourg)
11.-14.6 Reservéieren »
Minett Park, Parc Industriel et Ferroviaire
(Pétange)
11.-14.6 Reservéieren »
Maacher Kulturhuef
(Grevenmacher)
11.-14.6 Reservéieren »
CUBE 521
(Marnach)
12.6 Reservéieren »
Kulturhaus Nidderaanwen 11.-14.6 Reservéieren »
Parc naturel de la Haute-Sûre
(Esch-sur-Sûre)
11.,12.,14.6 Reservéieren »
Châteaux de Beaufort 11.-14.6 Reservéieren »
Musée National de la Résistance
(Esch-sur-Alzette)
12.-14.6 Reservéieren »
Mudam- Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean
(Luxembourg)
11.-14.6 Reservéieren »
Centre national de l'audiovisuel
(Dudelange)
12.6 Reservéieren »
Musée national d'histoire et d'art
(Luxembourg)
11.-14.6 Reservéieren »
Family of Man
(Clervaux)
12.-14.6 Reservéieren »
Philharmonie
Luxembourg
11.-14.6 Reservéieren »

 

Alles op ee Bléck

Wat?
Visitten a kulturellen Institutiounen
Firwat?
Eng Woch vun der Lëtzebuerger Kultur, den Traditiounen an dem Patrimoine fënnt natierlech net nëmmen an de Schoule statt, mä soll sech am Kär vun de kulturellen Institutioune mat ofspillen
Wien?
All interesséiert Klassen aus dem EF an ES
Wou?
An de kulturellen Institutiounen uechtert d‘Land